Logo
D’Logo presentéiert äre Betrib oder Veräin. Ëmsou méi wichteg ass et, dat ee schonn am Logo erkennt em wat et geet. All Logo soll individuell sinn an en Wiedererkennungswäert hunn. Kontaktéiert mech gären, fir mat mir zesummen äert Logo ze entwerfen. Hei fonnt dir e puer Beispiller di zum Deel schonn am Gebrauch sinn an zum Deel och just Beispiller sinn. Ech géing mech freeën op nei Aventuren mat ärem Logo.
An dësem Fall huet Cliente en Opruff gemaach, dat hat ee sicht den him säi Logo entwéckele kéint. Ech hu mech dorops hi bei him gemellt an him meng Hëllef ugebueden. Cliente huetmir Beispiller geschéckt wei et sech säi Logo virstellt. Et soll an déi floral Richtung goe mat Zweigen. Bei sengem Label geet et em ätheresch Uelegen, Aromatherapie a Reiki (Energieaarbecht). Ech hunn der Cliente 4 Exempele geschéckt, déi mir dunn zesummen ausgeschafft a verfeinert hunn. Zum Schluss huet Cliente ze guer 2 Logoe geholl.
Den Agility Club Agility Tornadoes Bissen huet mech gefrot fir hire Logo opzefrëschen oder e ganz neien zedesignen. Hinne war et wichteg hier 2 Faarwe Blo a Giel mat dran ze hunn. Si hate mam ale Logo Problemer dat den sech net gutt drécke gelooss huet op T-Shirten. Dëst sollt dat neit Logo awer gutt kennen. Hinne war et och wichteg dat d’Logo minimalistesch gehalen ass an direkt zeerkennen a lieserlech ass. De Club krut e ganzen Dossier vu mir, mat enger grousser Varianten u virgemoolte Logoen. De Club huet sech du fir dëse Logo entscheet, den déi 3 Beräicher mat dran huet, wat si als Club ubidden: Gehorsam-Agility-Tricks.
Natierlech hunn ech och mäin eege Logo selwer designt.